Neie "Plan directeur"

Mercredi 04 octobre 2017

De Budget vun der Arméi soll bis 2020 ëm 50 Prozent wuessen. Mat de "Lignes directrices de la défense luxembourgeoise 2015" gëtt sech d'Arméi eng nei Strategie. Vum 1. Oktober un huet d'Arméi och en neie Chef: de Generol Alain Duschène.

Bis Februar 2018 soll e "Plan directeur" stoen, an deem konkret festgehalen ass, wéi d'Arméi an Zukunft ausgebaut gëtt, seet de Generol Alain Duschène, deen neie Chef d'Etat-major. Dee Plang gëtt vun der Direktioun vun der Arméi a vum Etat-Major ausgeschafft.

Am Summer hat d'Staatssekretärin fir Verdeedegung "Lignes directrices de la défense luxembourgeoise 2025 Plus" presentéiert. Där Laangzäitplanung no soll de Budget vun der Arméi bis 2020 ëm 50 Prozent wuessen.

Arméispëtzt reforméiert

Déi traditionell Asazberäicher vun der Lëtzebuerger Arméi, d'Opklärung an d'Iwwerwaachung, ginn opgestockt. Dobäi kommen nei Missiounen, wéi den Opbau vun enger Militär-Medezin an e medezinesche Krisenzenter. D'Arméi léisst sech dofir vun engem externe Beroder begleeden - engem fréiere Militär vun der belscher Arméi.

Aktuell gëtt och d'Arméispëtzt reforméiert a virum Enn vun der Legislatur soll en neit Arméisgesetz an der Chamber gestëmmt ginn. De Generol Alain Duschène huet den 30. September d'Nofolleg un der Spëtzt vum Etat-major vum Romain Mancinelli iwwerholl.

Opnahm lauschten

Mick Entringer

Revenir à la liste des actualités