Lëtzebuerger an hollännesch Arméi üben Eeschtfall

Lundi 22 janvier 2018

No der Ukrain-Kris 2014 huet d'NATO decidéiert, hir Agrëffstruppen ze renforcéieren, fir esou de Sécherheetsbedenke vun den Alliéierten entgéintzekommen.

 

D'“Very High Readiness Joint Task Force“ ass eng Multinational Force, déi banne 5 Deeg muss asazbereet sinn. An dësem Kader ass vun e Méindeg bis en Donneschdeg eng Militärübung, un der nieft der Lëtzebuerger och déi hollännesch Arméi deelhëlt. Lëtzebuerg stellt fir d'VJTF eng Opklärungskompanie an en Transportpeloton, déi hollännesch Zaldote sinn an d'Opklärungskompanie integréiert. De Lieutenant Colonel Guillaume Hansen erkläert, firwat d’Missioun VJTF an d’Liewe geruff gouf.

De VJTF ass den Tool vun der Nato, deen an enger Kris séier an effizient kann agesat ginn. Duerch d'Ukrain-Kris huet d'Nato gesinn, datt si anescht musse reagéieren, vis-à-vis vun enger Menace. Dofir huet d'Organisatioun seng Roll och nees nei gesinn. Lëtzebuerg als Member vun der Nato muss, wéi déi aner Länner och, un der VJTF deelhuelen. All Joer ass et en anere Pool vun Natiounen, déi sech dorunner bedeelegen an 2019 gehéiert Lëtzebuerg zu deem Pool.

 

101 Lëtzebuerger Zaldote si mat 29 Hollänner bis en nächsten Donneschdeg nach fir d'Übung um Terrain, 46 Gefierer si mat dobäi. Et kéint och sinn, dass mat Übungsmunitioun geschoss gëtt, heescht et. Suerge briecht e sech zu kengem Moment ze maachen. 

Lien vers l'article :  http://www.rtl.lu/letzebuerg/1123792.html

RTL.lu

Am Fall wou duerch d’Übung Schied entstinn, kann um Telefonsnummer 26809 5555 ugeruff ginn.

Revenir à la liste des actualités