Gréissten Nato-Manöver zanter dem Kale Krich huet ugefaangen

Jeudi 25 octobre 2018

D'Übung dauert bis de 7. November. Simuléiert gëtt d'Attack op en Alliéierten. Ronn 50.000 Zaldoten aus iwwer 30 Länner huelen drun deel.

Dorënner sinn och iwwer 100 Member vun der Lëtzebuerger Arméi mat ënnert anerem enger Opklärungscompagnie. Dobäi kommen 10.000 Gefierer souwéi iwwer 300 Kampffliger, Helikopter a Schëffer.

Nato-Manöver/Reportage Ben Frin

 
De strategeschen Deploiement, dat heescht di 50.000 Truppen an d'Material selwer op d'Plaz ze kréi war wuel déi gréissten Erausfuerderung vun dem Ganzen, hei war de Lëtzebuerger Transportploton involvéiert, esou de Lieutenant Colonel Alain Schoeben. Beim eigentleche militären Exercice kënnt och eis Opklärungskompanie zum aktiven Asaz.
Fir déi nächst 2 Wochen nach trainéieren de Lëtzebuerger Transportploton an d'Oplärungskompanie de multinationalen Eeschtfall an Norwegen, dat e realistescht Ëmfeld zu Land, zu Waasser an an der Loft bitt, dat kaalt an naasst Wieder féiert zum Deel zu extremen Trainingskonditiounen, de gréisste reelle Risk wier d'Gefor vun Autosaccidenter, heescht et.
D'Zil vum Manöver ass, d'Kapassitéit vun der NATO ze trainéieren, fir sou séier wéi méiglech Truppen aus aneren Deeler vun Europa an Nordamerika ze rassembléieren. Wéi et offiziell heescht, géif sech des Übung net géint ee bestëmmt Land riichten. Wéinst deenen ëmmer méi grousse Spannunge mat Russland handelt et sech awer wahrscheinlech och ëm eng Muechtdemonstratioun.
Trainéiert gëtt och fir de sougenannte Bündnisfall, wann een Alliéierten op Ënnerstëtzung ugewisen ass. Dës kann ausgeruff ginn, wann een oder méi vun den 29 Memberlänner vun engem Géigner attackéiert ginn. An deem Fall missten dann déi aner Alliéiert Bäistand leeschten. Um Manöver bedeelegt sinn och d'Partnerlänner Schweden a Finnland. D'Übung schléit mat knapp 160 Milliounen Euro zu Buch.

Wéinst der Verännerung vun der globaler Sécherheetssituatioun wier zanter 2014 déi kollektiv Defense an der NATO nees méi wichteg, dat heescht d'Verdeedegung vun eegenem Territoire géint eng eventuell Invasioun, d'Manöver géif sech awer géint kee speziellt Land riichten seet d'NATO, beim Exercice sinn iwwregens och Russesch Observateuren mat op der Plaz.

Revenir à la liste des actualités