De Lëtzebuerger Pilot ass elo Deel vum Belsche Kommando C130 an am Mali am Kader vu MINUSMA am Asaz. Seng Präsenz ass déi Lëtzebuergesch Contributioun vu Lëtzebuerg un d'Missioun vun der ONU an d'Resultat vun der Kooperatioun tëschent der Belsch a Lëtzebuerg, sou de belsche Major Generol Deconinck op sengem Twitter. Hien ass de Kommandant vun der Minusma-Missioun am Mali.
Minusma steet fir "Multidimensional Integrated Stabilization Mission in Mali" an ass eng Missioun vun de Vereenten Natiounen, déi am Mali fir Fridde soll suergen. Minusma gëllt als déi geféierlechste Friddensmissioun vun der UNO, well zanter dem Abrëll 2013, wou d'Missioun ugefaangen huet, sinn 150 sougenannte "Peacekeepers" am Mali ëmkomm, dat bei Attacken oder Gefechter mat verschidden islamistesche Gruppéierungen. Am Ganze ware bis elo eng 11.000 Zaldoten am Kader vun Minusma am Asaz.
RTL.lu
Revenir à la liste des actualités© 2022 Armée luxembourgeoise - Tous droits réservés
Suivez-nous sur: