Militärtransportfliger A400M gëtt am Prinzip 2020 geliwwert

Jeudi 08 mars 2018

Lëtzebuerg soll am Prinzip Uganks 2020 de Militärtransportfliger A400M vun Airbus geliwwert kréien.

 

Dat präziséiert den Arméiminister Etienne Schneider an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

De Grand-Duché war de 5. Februar op enger Reunioun zu London derbäi, op där de Point gemaach gouf tëscht dem Fligerkonstrukteur an de 7  Länner, déi en Militärfliger bestallt hunn. 

De Präis fir en A400M läit onverännert bei iwwer 197 Milliounen Euro d'Stéck. 

D'Livraisoun vum Fliger ass mat de Belsch ofgestëmmt.

RTL.lu

Revenir à la liste des actualités