Military Challenge 2018

Mercredi 11 juillet 2018

37 Ekippen, 22 Kilometer Trail an 22 Obstakelen

Eng international Course exklusiv reservéiert fir Zaldoten, Polizisten a Pompjeeën an déi sinn en Donneschdeg ronderëm de Stauséi un hir Limitte gaangen.

Dronen, GPS, elektronesch Equipementer huelen ëmmer méi Plaz an der moderner Arméi. Ma d'Zaldoten musse weider physesch Top sinn, sech iwwerwanne kënnen. Sief et, wann et drëms geet, sech déi 28 Meter héich Bréck bei Lëlz ofzeseelen, eng 100 Kilo schwéier Fligerbomm iwwer 100 Meter ze schleefen oder no iwwer 3 Stonnen Effort nach ënnert elektreschem Drot erduerch ze robben. Am Stéch gelooss gëtt hei keen oder d'ganz Ekipp geet ënner.
Do freet ee sech spontan, ob nieft Zaldoten, Polizisten a Pompjeeën och normal stierflech Sportler esou e Parcours hannert sech brénge kéinten.
Aus Organisatoresche Grënn wäert de Military Challange awer och an Zukunft kéng Populär Course ginn. Hei leide just Zaldoten, awer net ouni Schottesche Flegma.

Voir la galerie photos

© Jeannot Ries / RTL Télé Lëtzebuerg

Revenir à la liste des actualités