Um Härebierg war e Mëttwoch de Moien di traditionell Mäertensfeier, wou d’Arméi hire Schutzpatréiner éiert.
Och fir d’Zaldote stoung 2020 ganz am Zeechen vun der Pandemie. Ma et hätt een et fäerdeg bruecht, fir an der Kris op ville Plazen eng Hand mat unzepaken. Domadder hätt ee bei de Bierger e ganz positiivt Bild ofginn.
D'Lëtzebuerger Arméi huet an der Kris op ville Plaze gehollef, Zelter virun den Spideeler an den Covid-Zenteren opgeriicht, Maske verdeelt, d'Hotline vum CGDIS an d'Kontakt-Tracing Equipe vun der Santé verstäerkt, am Cargo Center ausgehollef a virun den Altersheemer Concerte gespillt. Dës Asätz wäre gutt bei de Bierger ukomm.
Elo aktuell si keng Zaldote méi am Asaz, fir an der Corona-Kris ze hëllefen. Ma et wär een awer prett, fir direkt nees eng Hand mat unzepaken.
Eng 50 Leit si bereet, fir nees ze hëllefen, wann et néideg ass. De Generol Steve Thull geet dovunner aus, datt dat kéint de Fall sinn, wann et drëms geet, fir den Impfstoff auszedeelen.
Um Donneschdeg geet en ganz aneren Asaz lass. 17 Zaldote ginn op Missioun an den Mali. Et ass dee gréissten Auslandsasaz fir d'Lëtzebuerger Arméi zënter dem Kosovo.
D'Malesch Zaldote ginn den Ament vun europäeschen Ausbilder trainéiert an d'Aufgab vun der Lëtzebuerger Arméi ass elo, fir op der Plaz fir d'Sécherheet ze suergen.
source : RTL
Vum Ryck Thill (Télé) / RTL
Revenir à la liste des actualités© 2021 Armée luxembourgeoise - Tous droits réservés
Suivez-nous sur: