De Grand-Duc Henri ass sech den neie Militärfliger ukucke komm

Jeudi 08 octobre 2020

Nodeems den A400M e Mëttwoch eng 1. Kéier zu Lëtzebuerg gelant ass, gouf en en Donneschdeg offiziell vun der Arméi virgestallt, a Presenz vum Grand-Duc.

Och de Groussherzog war sech den neie Militärfliger ukucken, an dee war sichtlech impressionéiert.

Et gouf besonnesch op de groussen europäesche Wäert higewisen, wat den Asaz vun dëser Transportmaschinn ugeet. De binationale Projet zesumme mat der Belsch géif déi ganz europäesch militäresch Transport-Capacitéit substantiell stäerken, sou den Thomas Lambert, belschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.

37 Tonne kann den A400M lueden, ganz flexibel jee no Missioun an och d'Landen nuets op net beliichte Posten ass mat dëser Maschinn méiglech.

Source : RTL

RTL

Revenir à la liste des actualités