Der Lëtzebuerger Arméi feelt et un Zaldoten

Vendredi 28 février 2020

Den Ament feelen der Lëtzebuerger Arméi 80 vu 450 Zaldoten. Dofir sinn nei Weeër am Rekrutement néideg.

Eng vun de grousse Erausfuerderungen, déi op den neie Chef d'Etat-Major Steve Thull duer kënnt, ass d'Attraktivitéit vun der Lëtzebuerger Arméi ze verbesseren. Den Ament läit d'Zuel vun den Zaldoten bei 450. 80 Plaze sinn awer net besat. E reelle Problem, deen och identifizéiert an analyséiert gouf. En neie Selektiounsmodell gouf ausgeschafft.

Vun elo u kenne sech fräiwëlleg Kandidaten fräi iwwert den Internet Site vun der Arméi fir Selektiounen aschreiwen. Soss war dat fix, 3 Mol d'Joer. Den Etat-Major huet doriwwer eraus, een éischter delikat Spagat tëscht Quantitéit a Qualitéit gewot. De schrëftlechen Test gouf ofgeschaaft. Hei gëtt d'Evaluatioun aus der Schoul zeréckbehalen. Bei de physeschen Tester ass elo een Noexame méiglech. Nei, wichteg, sou genat Psycho-Technesch-Tester goufen agefouert. Et hätt ee sech op dat wat am ganze Staatsapparat gemaach gëtt alignéiert, sou den David Lesch, deen de Personalbüro vun der Arméi vertrëtt.

Dat wier och gutt esou. Well déi meescht fräiwëlleg Zaldote spéider sou wéi sou bei de Staat schaffe ginn.

Um Enn vun de 36 Méint géife méi Plazen um Aarbechtsmaart zur Verfügung stoen, wéi d'Arméi Zaldoten huet, sou den David Lesch weider. Och wa Karriären, wéi déi vum Douanier oder dem Giischtjen, méi spezifesch goufen. En neie Wee, wat de Gefaangenentransport ubelaangt, kéint an Zukunft opgoen. Et hätt scho Gespréicher mat der Police, respektiv dem Ministère vun der Justice ginn.

Nieft fräiwëllegen Zaldoten, feelt et op der anerer Säit awer och un héich spezialiséierte Leit. Spezialiste fir Dronen ze steieren. Fir d'Composante Aérienne vun der Lëtzebuerger Arméi. Fir just déi Beräicher ze nennen. Do geet et an d'Hightech eran, wou an Zukunft d'Dieren ëmmer méi fir Zivilpersonal opgoe kéinten. Spezialisten, déi direkt aus der Industrie rekrutéiert ginn. Europawäit. "Déi brauche mer ", sou den David Lesch.

Source: RTL

Revenir à la liste des actualités