Remy Eiffes: Lëtzebuerger vum Joer 2019

Vendredi 03 janvier 2020

Den Éierentitel "Lëtzebuerger vum Joer 2019" ass fir de Remy Eiffes. Hie war nominéiert gi well:
 
 "De Remy Eiffes gouf fir säin Asaz fir seng Matmënsche virgeschloen. Hien huet säin eegent Liewen bei der Explosioun um Waldhaff riskéiert, fir no senge Komeroden ze kucken an éischt Hëllef ze leeschten."
 
 Den Adjudant-Major vun der Lëtzebuerger Arméi freet sech iwwer de Präis, ma wëll d'Auszeechnung dem CGDIS weiderginn, well hien hätt just seng Aarbecht gemaach an d'Leit vun de Rettungsdéngschter wieren déi, deenen ee misst Merci soen, fir hire dagdeegleche Courage an Asaz.

Source: RTL.LU

"© Domingos Oliveira"

Revenir à la liste des actualités