Ausbildung zum Offizéier

Vendredi 13 août 2021

Dëst Joer hu fënnef Offizéieschkandidaten hiren Opnamexame gepackt, an deem hir Sproochen-, Mathe- a Physikkenntnisser getest goufen. Si hunn och ee Sportstest an e psychologeschen Test gemaach. Fir dësen Exame matzemaachen, brauch een e Premièresofschloss, ob Classique oder Technique ass dobäi egal.

Ënnert deene fënnef déi den Exame bestanen hunn ass d’Lena, wat ufanks virhat, als Sportlerin an d’Arméi ze kommen. Hat huet awer schnell gemierkt, dass de militäreschen Aspekt him méi Spaass géing maachen a fänkt dofir lo seng Ausbildung un. D’selwecht den Nicolas.C, dee schonn di klassesch Instruction de Base (IB) gemaach huet, déi véier Méint dauert. Hien ass also Zaldot, huet sech awer ëmentscheet a well elo Offizéier ginn. Dem Jhang, dem Nuno an dem Nicolas.S hiren Interessi fir dës Karriär ass bei der Studentefoire entstanen, wou d’Arméi all Joer hire Stand huet.

Nom Exame geet et weider mat enger gekierzter IB, wou d’Offizéieschkandidate wärend zwou Woche Schéissen, Kaarteliesen, dobausse liewen, Camoufléieren an nach villes méi léieren. Si maachen an dëse Wochen och zwou Marchen, e Parcours naturel a vill Sport. Zum Schluss vun dëser kompriméierter IB ginn si vum Kommandant als Zaldote vereedegt. Elo hunn si ee basescht Wëssen dovunner, wéi et an der Arméi ass, éier si an d’École Royale Militaire (ERM) zu Bréissel ginn.

Hir Ausbildung op der ERM dauert véier Joer, soudass si zum Schluss ee Master an de „sciences sociales et militaires“ hunn. E Joer besteet aus zwee Semestere mat all Kéiers zwee Examen an zwee Stagen an zum Schluss enger Vakanz. No hirem éischte Joer Uni mussen si sech fir eng Spezialisatioun entscheeden, dorënner zum Beispill Transport, Kommunikatioun a Recce. No hire véier Joer op der Schoul maachen si nach néng Méint Stage. Wann dat alles gemaach ass, kënnen si sech stolz Offizéier nennen.

Dësen Artikel ass vun eiser Studentin Nora am Kader vu sengem Vakanzenjob bei eis geschriwwe ginn. D'Nora huet och d'Fotoen déi beim Artikel sti selwer gemaach.

Revenir à la liste des actualités