E Vakanzenjob bei der Arméi

Vendredi 06 août 2021

Di meescht Schüler, di an der Vakanz e Studentenjob an der Arméi maachen, kommen no der Suggestioun vun hire Familljemembere respektiv Kolleegen. Et kommen awer och Schüler, di einfach Loscht op eppes Neies hunn an sech dobäi nach een Täschegeld verdénge kënnen. Vill vun hinne verbréngen net hiren éischte Summer hei, wéi zum Beispill d’Cara, hat schafft elo schonns säin drëtt Joer um Härebierg.

D’Schüler schaffe fir ganz verschidde Servicer. Dem Etienne, deen an den Archiven schafft, gefält zum Beispill den historeschen Aspekt vu sengem Job am Beschten, wärend dem Amélie aus der Kichen d’Preperatioun vum Iessen am meeschte Spaass mécht. Trotzdeem hunn si all eppes gemeinsam: Sie genéissen d’Ofwiesslung vun hirer Aarbecht an di gutt Ambiance tëschent den Aarbechtskolleegen.

Verschidde Studenten, ënnert hinnen de Gian-Luca, dee beim Waffeschmëtt schafft, hunn op hirer Plaz leider e puer Aschränkungen. De Luca däerf aus Sécherheetsgrënn verschidden Aufgaben net maachen, mee him gëtt et trotzdeem net langweileg: Hie war zum Beispill mam Fotograf eraus d’Syntheese vun der IB kucken, an dierft och schonn di eng oder aner Kéier mat senger Ekipp op de Schéissstand.

D’Studenten hu villes geléiert an hire Woche bei der Arméi. Dorënner si méi spezifesch Saache wéi d’Usträichen, dat de Sam a senger Zäit beim Usträicher geléiert huet, oder d’Benotze vum Excel, dat d’Michèle um Personalbüro gemeeschtert huet. Si hunn awer och méi allgemeng Saache geléiert, wéi zum Beispill, sech besser ze organiséieren andeems si eng gewësse Routine an hiert Liewe bréngen.

Di meescht Schüler sinn iwwerrascht iwwert d’Frëndlechkeet vun de Mataarbechter an di relax Atmosphär an der Arméi. Virun hirem Job hei war hiert Bild vun der Arméi vill méi streng. Mëttlerweil awer hunn souguer verschiddener, dorënner d’Adriana an de Lou aus dem Service Logistique Manoeuvre, vir, eng Kéier professionell fir d’Arméi ze schaffen.

Dësen Artikel ass vun eiser Studentin Nora am Kader vu sengem Vakanzenjob bei eis geschriwwe ginn. D'Nora huet och d'Fotoen déi beim Artikel sti selwer gemaach.

Revenir à la liste des actualités