Mir rekrutéieren
Mercredi 02 juin 2021
1 Offizéiesch-Kandidat (mat Master) (m/w)
D’Kandidate fir dës Poste mussen ënnert anerem:
- Lëtzebuerger sinn
- Manner wéi 30 Joer al sinn
- E Master-Diplom, oder gläichwäerteg Studien hunn
- Den Eegenungstest bestoen a sech klasséieren
D‘Kandidate kréien offréiert:
- Eng militäresch Formatioun am Ausland (Frankräich - St. Cyr)
- Eng interessant an ofwiesslungsräich Karriär an der Arméi
4 Offizéiesch-Kandidaten + 1 Pilot (mat 1ère/ 13ème) (m/w)
D’Kandidate fir dës Poste mussen ënnert anerem:
- Lëtzebuerger sinn,
- Op mannst 18 a manner wéi 24 Joër al sinn,
- Een “Diplôme de fin d’études secondaires” oder
- Een “Diplôme de fin d’études secondaires techniques”hunn oder gläichwäerteg Studien ofgeschloss hunn.
- Den Eegnungstest bestoën a sech „en rang utile“ klasséieren
Déi 5 Offizéiesch-Kandidate kréien offréiert:
- Eng akademesch a militäresch Formatioun op enger Militärschoul déi zu engem Master féiert
- Duerno eng spezifesch militär-professionell Formatioun vun 2 Joer am Ausland an an der Lëtzebuerger Arméi
All Offizéiesch-Kandidate mussen:
- Bereet sinn Engagement ze weisen a Responsabilitéiten ze iwwerhuelen
- Sech duerch eng grouss Disponibilitéit a Flexibilitéit auszeechnen
- Initiativ-, Syntheese- an Teamgeescht hunn
- Stressresistent a physesch belaaschtbar sinn
Stéchdatum: 21. Juni 2021
Examen: 4 Deeg an der Woch vum 05. - 09. Juli 2021
En Informatiounsdag fënnt den 19. Juni 2021 um Härebierg statt, Umeldung bis den 11. Juni 2021.
Fir weider Informatiounen, kontaktéiert eisen Informatiounsbüro.
Revenir à la liste des actualités
Suivez-nous sur: