Handwierker mat Häerz

Lundi 12 septembre 2022

De Claude Pomerell, 54 Joer al, schafft säit Februar 1991 bei der Arméi als Schouster. Hien ass ganz passionéiert an hofft des Begeeschterung viru senger Pensioun un säin neie Léierbouf weiderginn ze kennen. Mee wat huet de Claude virun all dëse Joren dozou inspiréiert, sech fir dëse Beruff ze entscheeden?

Als klenge Jong ass hien oft bei de Schouster gaangen, ee Beruff deen fréier nach méi verbreet war. Hie war faszinéiert dovun, dass hie mat futtisse Schong erakoum, a mat Ganzen rëm erausgaangen ass. Seng Entscheedung, Schouster ze ginn, huet hien awer senger Regente ze verdanken, di senger Klass deemools sot: „Ee vun iech muss Schouster ginn, da gitt dir Multimillionär.“  No 32 Joer Beruffserfahrung stellt de Claude fest, dass dat finanziell zwar net ganz richteg ass, mee am Häerz awer stëmmt.

Photo: Ketty Scheer

Wat dem Claude u sengem Beruff am meeschten gefält ass dass een handwierklech geschéckt muss sinn. Zu deene méi ustrengenden Aspekter zielen fir hien di Deeg, un deenen hien einfach ze vill Aarbecht huet. „Et sëtzt ee sech selwer immens ënner Drock“, seet hien a füügt dobäi, dass di manuell Aarbecht fir d’Arméi, di extra stabil Schong  brauch, deementspriechend méi ustrengend ass.

Hien lieft säi Beruff och privat: Hie gouf zum Liibhaber vu Qualitéitsschong. „Ech hu méi Puer Schong doheem wéi meng Fra“, seet de Claude, deen och fir sech selwer Schong op Mooss mécht.

Hien bedauert, dass d’Qualitéit vu Schong drastesch ofgeholl huet. Wou ee fréier mat Lieder geschafft huet, gëtt haut Plastik benotzt deen d’Aarbecht vum Schouster erschwéiert. Trotzdeem seet de Claude, et wier ëmmer besser, e Schong ze flécken wéi e fortzegeheien. „Et soll ee Schong sou laang hale wéi méiglech“, behaapt hien, a verweist op d’Nohaltegkeet.

Säi Léierbouf, den 24 Joer alen Damien Mencler, hofft, vum Claude vill bäizeléieren fir d’Traditioun spéider weiderginn ze kennen.

Photo: Nora Simon

Em d’Zukunft vum Beruff maachen di zwee sech keng Suergen: Si sinn sech eens dass, soulaang et Schong ginn, et och Schouster wäerte ginn, wann och vläicht ënner anere Formen. De Claude gëtt d’Beispill vu ville Schousteren am Privatsecteur, di mëttlerweil ënner anerem och Schlësselen oder Handyen reparéieren.

Photo : Giuliano Berardi

Dësen Artikel ass vun eiser Studentin am Kader vu sengem Vakanzenjob bei eis geschriwwe ginn.

Revenir à la liste des actualités