Vakanzenjob

D’Arméi sicht fir dës Summervakanz Schüler/Schülerinnen oder Studenten, ab 15 Joer, fir an den Archiven vun der Arméi um Härebierg matzeschaffen.

Déi jonk Leit, déi intresséiert sinn, kënnen, bis den 17. Abrëll 2020 eng schrëftlech Demande mat CV, un dë 
‹ Chef de Département des Ressources Humaines › adresséiert erareechen.

D’Schüler / Studenten ginn engagéiert fir folgend Period :

  • 01. Juli 2020 – 11. September 2020

Mir engagéieren nëmme Schüler/ Studenten fir eng Period vu minimum 3 Wochen.

Oppassen: « La durée du contrat ne peut excéder 2 mois par année civile (2x173 heures) (du 1er janvier au 31 décembre), même en cas de pluralité de contrats. » (Référence : Lettre circulaire mfp_82bxb7f83 du Ministère de la Fonction publique)

Gidd dofir w.e.g. an ärer Demande di genau Period un an där dir wëllt schaffe kommen.

Fir méi Informatioune kann dir eise Personalbüro um 247 57 111 uruffen.

Am Viraus Merci fir Ären Interessi.